WM 2026 Tippspill
D'Tippspill ass eriwwer!!
Dësst Tippspill ass gratis an exklusiv fir d'Membres Donateurs vun der Sportsdeddessen a.s.b.l.
Hei geet et weider: Ranking, Statistiken, Reegelen, Präisser
Tippspill Ticker
E grousse Merci nach emol alle 478 Matspiller, an och déi déi leschte Mëttwoch am Hotel Leweck waren fir hiere Präiss erauszesichen, entgéintzehuelen an e Patt zesummen ze drénken, et war eng relax Ambiance 🍹⚽🥂
An deemselweschte Kader hu mir dann matt enger 15 Zeien an enger random generator App ausgeloust wien déi 2 Spezialpräisser gewënnt:
- Ënner all denen 199 déi de beschten Torjäger getippt haaten (Mbappé, 10 Goaler) ass de Gigo Lamesch (Plaz 87 am Ranking) ausgesloust ginn, hien gewënnt domatt ee WM-Ball.
- Ënner denen 123 déi Spuenien korrekt als Weltmeeschter getippt hunn, ass d'Fabienne Mathgen (Plaz 105) gezu ginn, si gewënnt domatt en Trikot vum Weltmeeschter Spuenien.
Gratulation och un si an natierlech och u jiddreeen deen ënnert den éischte Plaze war, wat bei souville Matspiller guer net einfach war. Mir hoffen dir haat all Spaass mat eisem Tippspill, an sidd d'nächst Kéier och erem dobäi :)
Mat sportleche Gréiss,
Äre Sportsdeddessen Komitee
Traditionnellerweis kritt dee leschten beim Tippspill eng Tablett Schockela, Gratulatioun dofir dem GBOP Flying Dutchman op der Plaz 478, hien huet sech och gutt dru ginn fir sech déi PLaz ze secheren, mat nëmmen 138 Punkten insgesamt, largement 40 Punkte "Virsprong" virum Zweetleschten ;) Och hien ass dann e Mëttwoch invitéiert bei der Präissiwwereeschung am Hotel Leweck fir säi Präiss entgéint ze huelen.
Finale Ranking vun de Gewënner mat der Schätzfro (308 Goaler):
- Alessio Petracca 385 Punkten
- Claude Hentz 373
- GBOP Yuri 369
- Schweitzi 364 (287 Goaler)
- Christian Mertens 364 (222)
- Jo Walisch 360 (320)
- Olivier Gaspard 360 (288)
- Janis Zimmer 359 (289)
- Hinti 359 (222)
- Marnach Frank 358
- Alain Pauly 355
- Serge Lutgen 354 (265)
- Julian Salis 354 (181)
- Billy Coremans 351
- Anni Ewers 348 (271)
- Nora Gira Hirtz 348 (267)
- Julie 347
🏅SAVE THE DATE: Präissiwwereeschung ass de Mëttwoch 5. August um 19h30 am Hotel Leweck, d'Gewënner gi nach kontaktéiert an den nächsten Deeg!
De Prinzip ass wéi ëmmer dee selweschten: den 1. däerf als 1. den säi Präiss eraussichen, den 2. als 2. etc. bis Plaz 17 :) Wien net ka présent sinn ka sech vertriede loossen vun engem Komiteesmember zB.
Op der 4. Plaz hu mer ex-aequo de Christian Mertens an de Schweitzi mat jeweils 364 Punkten, 5 Punkten hannert der 3. Plaz. Si haten allen zwee och Frankräich als Weltmeeschter an den Mbappé als Goalschosskinnek getippt, hätten "Les Bleus" et gepackt, wieren sie gläichop op der 1. Plaz geland, mee an dem Fall entscheed jo d'Schätzfro (Total vun de Goaler), an do läit de Schweitzi mat 287 méi no dobäi wéi de Christian (222), et sinn nämlech genau 308 Goaler gefall, souvill wéi nach nie op enger WM. Domatt geet déi 4. Plaz vumm Tippspill un de Schweitzi an déi 5. Plaz un de Christian Mertens, Felicitatiounen och un si zwee. 👏
🥉Felicitatiounen och un den GBOP Yuri fir eng wuelverdéngten 3. Plaz, sou haat hien de richtege Weltmeeschter, den Mbappé als beschte Goalgetter an genau déi 4 richteg Halleffinalisten bei der Kategorie 1 selectionnéiert mat Argentinien, Frankräich, England a Spuenien. Hätt hien zB Kongo oder Kapverden amplaz Neiseeland bei der Kategorie 4 gewielt, wier hien locker 1. ginn, mee et kann een net alles wëssen ;)
🥈Gratulatioun och dem Claude Hentz fir eng staark 2. Plaz. trotzdem datt Argentinien et net gepackt huet an déi 30 Punkten him entgaange sinn, hien huet vun alle Matspiller déi stärksten Kombinatioun vun 12 Teams erausgesicht gehaat (an och de stärkste Goalgetter mam Mbappé natierlech).
Am Tippspill kréien also all déi (123) déi op Spuenien als Weltmeeschter getippt hunn 30 Punkte bäi, an domatt ass den
🥇Alessio Petracca eise grousse Gewënner mat 385 Punkten. Hien haat zwar net den Mbappé (10 Goaler = 30 Punkten), mee den Haaland huet him mat sénge 7 Goaler 21 Punkte rabruecht. Och huet hien 6 Teams aus der Kategorie 1 gewielt, woubäi Brasilien a Portugal him nach déi mannste Punkten vun all séngen Teams bruecht hunn, Schwäiz a Norwegen waren séng gréisste Punktelieferanten, mee um Enn huet de korrekte Weltmeeschtertipp den Ausschlag ginn! Gratulatioun Alessio zu dëser 1. Plaz ënner 478 Matspiller vum ganzen Sportsdeddessen Komitee! 👏🏆
