WM 2026 Tippspill

D'Tippspill ass gestart!!
Dësst Tippspill ass gratis an exklusiv fir d'Membres Donateurs vun der Sportsdeddessen a.s.b.l.

Hei geet et weider: Ranking, Statistiken, Reegelen, Präisser

Tippspill Ticker

virun 2 weeks 4 days

No der Virronn, 72 gespillte Matcher an 32 Equippen déi eng Ronn weider komm sinn haat de Laurent THIES d'Nues vir am Ranking matt 251 Punkten, 5 Punkte virum Schweitzi. Séng 12 Equippen ware weider komm, an och den Haaland huet scho 4 Mol marquéiert an ass nach am Tournoi mat Norwegen. Just Südafrika ass gëschter vu Kanada a leschter Minutt eliminéiert ginn an der éischter vun de 16tels-Finallen. Doduerch datt Kanada domatt 10 Punkten dobäi krut, ass d'Maeve Spautz elo op déi 2. Plaz lanscht de Schweitzi gezunn, sie huet och de Messi dee schonn 18 Punkten erageschoss huet. 4. ass d'Nora Gira Hirtz matt 240 Punkten, hatt huet gläich 5 Equippen aus der Kategorie 1 déi nach kéinte wäit kommen. Allgemeng sinn ab elo vläicht déi am Virdeel déi méi Equippen aus der Kategorie 1 hunn, et sief dann et ginn Iwweraschungsequippen déi wäit kommen wäerten, et bleift op alle Fall spannend. Den Owend sinn 2 Matcher woubäi Brasilien an Däitschland kloër favoriséiert sinn géint Japan a Paraguay, mee et wees een jo nie :)

virun 3 weeks

Nodeems och Südafrika, Schwäiz a Kanada, Brasilien a Marokko, Australien, Elfenbeinküste a Japan fest fir déi nächst Ronn qualifizéiert sinn, ginn et natierlech Emwälzungen an eisem Ranking. Et féiert elo den Ewald Plein, woubäi bis elo Südafrika (32), d'Elfenbeinküst (27) an Australien (24) him déi meeschte Punkten bruecht hunn. 3 Punkten hannendrun ass elo op der 2. Plaz de Schweitzi, 4 Punkten virum Janis op der 3. Plaz, an 5 Punkte virum Laurent Thies. Nach bleift et spannend wéi eng 8 bescht 3. platzéiert (vun 12) sech wäerten fir d'1/16-Finallen qualifizéieren, definitv entscheed gëtt dat dann Sonndeg Moies eiser Zäit wann d'Gruppephase op en Enn geet mat de Matcher Algerien-Éisträich an Jordanien-Argentinien.

virun 3 weeks 2 days

Et hu lo all Equippen 2x gespillt, eng Rei sinn och scho fir déi nächst Ronn qualifizéiert a kruten schonn déi deementspriechend Punkten. A Féirung läit elo de Christian Mertens mat 111 Punkten, 1 Punkt virum Laurent Thies, 4 Punkten virum Jérôme Marx an 6 Punkten virum Erny. Opfälleg: Déi 20 éischt am Klassement hu Norwegen an Mexiko an der Kategorie 2 getippt, wat hinne schonn 36 Punkten bruecht huet, mee wann duerno Equippen aus der Kat.3 an Kat.4 weider kommen wäerten et nach emol massiv Punkte ginn an d'Klassement wäert duercherneen gewirbelt ginn, et bleift spannend.

Bei den Torjäger falen d'Goaler vun den Top-Staren wéi um Fliessband, de Messi ass schonn op 5 Goaler, dann Mbappé an Haland 4 Goaler, Kane a Ronaldo 2 Goaler...an daat no nëmmen 2 Matcher vun 8 méiglechen!

virun 4 weeks

Nodeems Mexiko sech duerch hier 2. Victoire am 2. Match scho secher fir d‘ 1/16-Finallen qualifizéiert hunn, gouf et hei net just 4 Punkten fir de Sieg mee direkt och nach 10 Punkten dobäi fir d‘Erreechen vun der nächster Ronn. All déi Matspiller déi Mexiko ausgewielt hunn, hunn domatt also schonn 18 Punkte gesammelt, dir gesitt iwwregens den Detail vun äre Punkten wann dir op äre Numm am Ranking klickt :)

virun 4 weeks 1 day

Elo hunn all déi 48 Equippen genau 1x gepspillt, an et kann een en 1. Tëschebilan am Ranking zéien: de Lou Leweck ass op der 1. Plaz mat 5 Punkte Virsprong op d'Marie-Anne Belleville a 6 Punkte virum Yann K. an dem Erny. Hien huet op vill Equippen aus de Kategorien 3 a 4 gesat, an déi hunn och allen 8 gepunkt, 5 mat engem Gläichspill an Ghana, Schottland an d'Elfenbeinküst souguer jeweils mat enger Victoire déi 6 Punkten erabruecht huet. Iwwerhaapt huet keng vun séngen 12 Equippen e Match verluer an säi Goalgetter den Harry Kane huet och 2x marquéiert gëschter, wat him déi souverän Féierung erméiglecht.

Mee d'WM ass nach ganz laang a mol kucken wéi eng vun denen Outsider all weider kommen duerno, well dat ginn dann nach emol richteg vill Punkten!

Statisken wéi eng Equippen, Weltmeeschter a Goalschosskinnek wéi oft getippt goufe fannt dir op dëser Säit.

Opfälleg: 199 hunn den Mbappé getippt an 113 de Kane, insgesamt also 312 Matspiller (65%) hunn op ee vun denen 2 Top-Staren getippt, déi och scho jeweils 2 Goaler an hirem 1. Match geschoss hunn. Et féiert awer de Messi mat 3 Goaler - dat haten nëmmen 11 Tipper him an dem héijen Alter nach zougetraut ;)

virun 1 month

No 5 Deeg WM an 17 gespillte Matcher hu mir an eisem Tippspill Ranking e Quartett un der Spëtzt mam Katrien, Marc, Pascal an Tessy, déi alleguer bis elo 34 Punkte gesammelt hunn. Gemeinsam hunn sie, dass sie alleguer an der Kategorie 4 op d'KapVerden gesat hunn, déi duerch de sensationellen 0-0 géint Spuenien gëschter 4 Punkten erabruecht hunn. Nach hunn awer vill Favoriten guer net net gespillt, notamment Frankräich, England, Argentinien a Portugal, déi net nëmmen ganz oft getippt goufen mee mat Mbappé, Kane, Messi a Ronaldo och d'Topfavoriten fir de Goalschosskinnék an hire Reien hunn, et dierf een also gespant sinn wat déi nächst Deeg passéiert!

virun 1 month

Déi éischt zwee Matcher si gespillt. Déi éischt Punkten si verdeelt. Wou sti dir? Ranking

virun 1 month

D'Tippspill ass gestart mat sensationellen 477 Matspiller. Mir soen iech villmools Merci fir ären Don a wënschen iech Bonne Chance bei eisem spannenden Tippspill, wou dir op deser Plaz hei regel Updates kritt!