WM 2026 Tippspill

D'Tippspill ass gestart!!
Dësst Tippspill ass gratis an exklusiv fir d'Membres Donateurs vun der Sportsdeddessen a.s.b.l.

Hei geet et weider: Ranking, Statistiken, Reegelen, Präisser

Tippspill Ticker

virun 8 Stonnen 53 Minutten

Argentinien dréint alt rem eng Kéier e Match, wéi maachen déi dat nëmmen? De Fussballgott ass mol bis elo op hirer Säit…béis Zonge behaapten och d’Arbitteren an d’Fifa. Jiddefalls gewannen sie 2-1 géint England, keng Goaler vu Messi a Kane des Kéier…mee déi 4 Halleffinalisten hunn all nach 1 Match a sou kënne Messi, Mbappé a Kane eist Klassement nach beaflossen…

Am Ranking féiert weiderhin de Claude Hentz, elo 9 Punkten virum Duo Mertens-Schweitzi. Verteidegt Argentinien hieren Titel, ass dem Claude Hentz d’Victoire an Tippspill secher. Am Fall wou « La Roja » no 2010 den 2. Stär hëllt, ass den Alessio Petracca de Gewënner, sou laang den Mbappé keng 6-7 Goaler géint England schéisst ;)

virun 2 days 10 Stonnen

Am Duell vun den 2 Top-Favoriten setzt sech Spuenien awer relativ souverän 2-0 géint Frankräich duerch, déi fir déi 1. Kéier des WM wiirklech enttäuscht hunn. Domatter fréen sech déi 123 Matspiller déi Spuenien als Weltmeeschter getippt hunn, déi 180 déi op d’Fransouse gesat hunn hu lo wuel keng Chance méi ganz uewen ze landen, ginn et dach 30 Punkte fir de Weltmeeschter…am Klassement ännert sech momentan (nach) net vill, well déi meescht an den Top 10 awer Spuenien an der Kategorie 1 ausgewielt haten an domatt weider 5 Punkte kréien. Et féiert also weiderhinn de Claude Hentz virum Schweitzi an dem Christian Mertens. Am Fall wou Spuenien Weltmeeschter gëtt ass awer wuel dem Alessio Petracca op der 4. Plaz den Titel net méi ze huelen.

Den Owend steet déi nächst Halleffinall um Programm tëscht England an Argentinien, ëmmerhin hoffen do nach 113 Matspiller op Punkten duerch Goaler vum Harry Kane. D’WM bleift spannend, eist Tippspill net manner.

virun 5 days 5 Stonnen

Och an denen aner Véirelsfinallen setzen sech d’Favoriten Spuenien, England an Argentinien duerch, woubäi déi 2 lescht eréischt an der Verlängerung gewannen. Des 2 Equippen sinn et och déi de Claude Hentz zur Féirung am Tippspill verhëllefen, hien ass elo 1. mat 357 Punkten, 4 virum Schweitzi an 9 virum Christian Mertens. Sollt Argentinien Weltmeeschter ginn ass him den Titel quasi garantéiert, mee fir d’éischt mussen d’Halleffinallen mol gespillt ginn.

virun 1 week

Frankräich setzt sech um Enn "erwaardungsgeméiss" mat 2-0 duerch, vu que datt déi meescht (401) Frankräich als ee vun hire Favoriten hunn ännert sech net allzevill am Ranking, 3 Punkten Bonus alt erem fir déi déi den Mbappé als Goalgetter hunn (199), obwuel hien an der 1. Halschent en 11m verschoss huet ass et awer hien dee mat engem Schoss vu 16m d'Äis gebrach huet fir d'Franzousen. Marokko ass also eliminéiert, ëmmerhin haten 31 Matspiller op sie gesat trotz ganz staarker Konkurrenz an der Kategorie 1.

Am Tippspill bleift op den 3 éischte Plazen alles onverännert, de Schweitzi féiert weiderhin virum Claude Hentz an dem Laurent Thies. Duerno op der 4. Plaz kënnt de Jérôme Barthels, deen als eenzegen aus den Top 10 Frankräich net bei sénge Favoriten selectionnéiert huet, sie awer als Weltmeeschter getippt huet an domatt déi 30 Punkten géif einheimsen falls sie dann Champion ginn, an den Mbappé huet hien och. Nëmmen 1 Punkt hannert dem Jérôme hu mir dann en Trio op der 5. Plaz mam Alain Pauly, Alessio Petracca an dem Christian Mertens.

Den Owend steet dann déi nächst 1/4-Finall um Programm mat Spuenien-Belsch um 21h, kucke mer mol op déit rout Däiwelen da kënne mat der rouder Furie mathalen ;)

virun 1 week 2 days

Wat eist Tippspill ugeet féiert nach ëmmer de Schweitzi matt 340 Punkten, woubäi Norwegen him schonn 38 Punkten bruecht huet an d'Schwäiz souguer 40. Neien 2. ass elo 6 Punkten hannert dem Schweitzi de Claude Hentz, deen mat enger Victoire vun Ägypten wuel lanscht de Schweitzi gezu wier, allerdéngs kann hien elo weiderhinn op déi 30 Punkten hoffen falls Argentinien Weltmeeschter gëtt. 4Punkten hannert dem Claude op der 3. Plaz ass elo de Laurent Thies, deen sech trotz Däitschland-Tipp gutt hällt duerch Schwäiz, Norwegen an den Haaland als Goalgetter. Do hannendrun trennen d'Plazen 4-8 nëmmen 2 Punkten, et bleift also extrem spannend fir d'Präisser vum Tippspill. Interessant: Aus den Top 10 ass den Alessio Petracca den eenzegen deen Spuenien als Weltmeeschter getippt huet (obwuel déi laut Wettquoten virun der WM Top-Favorit waren), wann "La Furia Roja" sech also géif duerchsetzen huet hien allerbescht Chancen d'Tippspill ze gewannen. Den 1. am Ranking deen op England als Weltmeeschter gesat ass de Luc Kirpach op der 13. Plaz, domatt behällt hien och eng Chance falls d' "Three Lions" et tatsächlech sollte packen no 1966, fir datt hien ganz no uewen kënnt misst den Olise vläicht och mol nach puer Goaler schéissen. Respekt och fir de Serge Lutgen, deen sech als eenzegen vun 478 Spiller getraut huet op Norwegen als Weltmeeschter ze setzen, an dem Fall kéint hien och vun Plaz 8 nach op 1 sprangen, zumools wann den Haaland weider sou trëfft :) Et bleift also weider spannend an mir wënnschen all de Matspiller weiderhin eng flott Weltmeeschterschaft a vill Gléck am Tippspill!

virun 1 week 2 days

Haut ass den 1. Roudag säit dem Ufank vun der WM, d'1/8-Finallen si gespillt, Zäit fir e klenge Bilan ze zéien. Hunn sech Frankräich a Marokko nach relativ souverän als éischt fir d'1/4-Finallen qualifizéiert, ass et dunn all Dag méi enk, spannend an hëtzeg ginn. Laang stoung et tëscht Brasilien an Norwegen 0-0, éier den Haland awer mat séngem Doppelpack d'Brasilianer dach e bëssen iwweraschend heemschéckt, dem Neymar säi Goal an der 111. Minutt koum do ze spéit. Laang huet et och bei Portugal-Spuenien no enger Verlängerung ausgesinn, de Merino huet awer den 1-0 fir Spuenien an der 91. Minutt geschoss, déi domatt Portugal an de Cristiano Ronaldo erausgeheien, fir deen dat dann säi leschte WM Match war am Alter vun 41 Joër an no 6 Weltmeeschterschaften wou hien bei all WM marquéiert huet (Rekord). England konnt sech um Enn trotz enger rouder Kaart mat 2 Goaler vum Bellingham an engem 11m vum Kane mat 3-2 géint Mexiko duerchsetzen. An engem héich brisantem Match wéinst enger zweifelhafter Entscheedung vun der FIFA de Balogun trotz rouder Kaart am Match virdrun net ze spären, setzen sech eis belsch Noper d'"diables rouges" um Enn awer souverän 4-1 géint de leschten Gastgeber duerch, déi domatt allen 3 an den 1/8-Finallen eliminéiert gi sinn, do konnt de Trump dann och näicht méi dogéint ënnerhuelen ;) Am vläicht dramateschste Match vun allen huet Ägypten schonn 2-0 géint Argentinien gefouert an hat de Weltmeeschter um Rand vun der Eliminatioun, mee 3 Goaler vun Argentinien an dene leschten 10 Minutten mat Hëllef vum Arbiter, vum VAR, vum Messi a bestëmmt och nach vum Maradonna aus dem Himmel léisst den amtéierenden Weltmeeschter weider op eng Titelverteidegung hoffen, an de Messi däerf weider op Rekordjuegd goen: trotz schonn 2 verschossen 11m huet hien des WM schonn 8 Goaler, an insgesamt bei WMen schonn 21, also scho 5 Goaler méi wéi de Klose dee virun deser WM nach vir war. Den Mbappé ass elo 2. am éiwege Ranking mat 19 Goaler, an och hien ass jo nach em Rennen. An der leschter 1/8-Finall setzt sech d'Schwäizer Nati am 11m-Schéissen géint Kolumbien duerch, a kënnt domatt fir déi 4. Kéier an eng WM-Véirelsfinall no 1934, 1938 an 1954, also fir d'éischt säit 72 Joër. An de Véirelsfinallen déi muer um 9. Juli mat Frankräich-Marokko lassginn sinn domatt 6 europäesch, 1 afrikanescht (Marokko, wuel dat "europäeschst" vun den afrikanesche Länner) an nëmmen 1 Land nach aus Nord-, Mëttel- a Südamerika, wat dach e bëssen iwweraschend ass fir eng WM an Amerika wann een och d'Historie kuckt. 

 

virun 2 weeks 2 days

Norwegen gewënnt 2-1 géint d'Elfenbeinküst, Frankräich 3-0 géint Schweden a Mexiko 2-0 géint Ecuador. Déi 2 Leader am Tippspill hunn déi 3 Teams och getippt a sammlen domatt nach emol 25 Punkten, plus 6 Punkten fir déi 2 Goaler vum Mbappé (Schweitzi), an 3 Punkten fir de Goal vum Haaland (Laurent Thies). De Schweitzi féiert mat 292 Punkten virum Laurent Thies (279) an dem Anni Ewers (271), bei den Top 3 huet also näischt geännert. 4. ass elo de Serge Lutgen (268) an 5. de Pit Bertemes (264).

Den Owend/an der Nuecht sinn dann déi 3 nächst 1/16-Finallen mat England-Kongo (18h), Belsch-Senegal (22h) an USA-Bosnien (2h). Setzen sech haut wéi gëschter d'Favortiten duerch, oder gëtt et eng Iwweraschung? D'Tippspill bleift sou oder sou spannend :)

virun 2 weeks 3 days

Paraguay gewënnt sensationell géint Däitschland am 11m Schéissen a schéckt d’Preisen domatt heem! De Schweitzi heimst déi 15 Punkten an fir Paraguay an iwwerhëllt domatter d’Féirung, 10 Punkten virum Laurent Thies (deen Däitschland als Weltmeeschter getippt huet) an 11 Punkten virum Anni Ewers, wat och op Paraguay gesat huet!

Brasilien war och net wäit vun enger Verlängerung, setzt sech awer in extremis an der Nospillzäit mat 2-1géint Japan duerch, all déi op sie getippt hunn krute 5 Punkten a kënnen weider hoffen fir déi nächst Ronnen.

Matt Holland flitt gläich nach eng supposéiert « grouss » europäesch Equipe géint Marokko am 11m Schéissen eraus - et ass bis elo éischter d’WM vun Amerika an Afrika !