Reegelen
System: Déi 48 Equippe sinn no hirer Stäerkt a 4 Kategorien agedeelt. Déi stäerkst Equippe sinn an der Kategorie 1, duerno kënnt Kategorie 2, an esou weider bis bei déi schwaachst Equippen an der Kategorie 4.
Dir wielt am Ganze 12 Equippen aus deenen 48, dobäi musst dir op d’mannst 2 Equippen aus all Kategorie auswielen.
Déi verschidde Kategorien hunn och ënnerschiddlech Koeffizienten.
Kategorie 1 huet de Koeffizient 1, Kategorie 2 de Koeffizient 2, an esou weider bis Kategorie 4 mam Koeffizient 4.
Dës Koeffiziente gi benotzt, fir d’Punkten ze multiplizéieren. Dat bedeit: Et kritt een méi Punkte, wann en Outsider gewënnt, wéi wann e Favorit gewënnt.
Et ginn:
- 2 Punkte fir eng Victoire vun enger Equipe
- 1 Punkt fir e Gläichspill
Dës Punkte gi mam Koeffizient vun der jeweileger Equipe multiplizéiert.
Wann eng Equipe eng Ronn weiderkënnt, kritt si zousätzlech 5 Punkte, déi och mam Koeffizient multiplizéiert ginn.
Zousazfroen
- De Golschosskinnek (3 Punkten pro Gol)
- De Weltmeeschter (30 Punkten)
- D’Schätzfro, wéi vill Goler am ganze Tournoi geschoss ginn, gëtt och nach bewäert.
Ween no der WM déi meeschte Punkten huet, ass gewonn. Bei Ex-Aequo entscheet wien am noosten bei der d’Schätzfro war. D'Tippspill ass exklusiv fir Membres Donateurs a limitéiert op eent pro Member.
